Now hiring

Mataarbechter am Service Finance (w/m/x) - Zu Bettang/Messe @ APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.

Luxembourg, LUOnsiteFull-time
Apply with ResuMinder

Opens on the employer's site

About this role

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service Finances zu Betteng/Mess, Een Mataarbechter (m/w/x), fir een CDI - 30 oder 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch. Dir sicht eng nei Erausfuerderung? Dir hutt Loscht, an enger motivéierter Ekipp ze schaffen? Dir wëllt beim Weiderkomme vum Service mathëllefen? Da sidd Dir vläicht eisen neie Mataarbechter (f/m/d)! Haaptmissioun D'Kohärenz vun den Donnéeë sécherstellen an un de periodeschen Ofschlëss souwéi un der Opstellung vun de Joresofschlëss deelhuelen. Haaptaufgaben: • D'Kohärenz, d'Genauegkeet an d'Qualitéit vun den Donnéeë kontrolléieren • D'Anhale vun de Comptabilitéitsnormen, de gesetzleche Bestëmmungen an den interne Prozedure garantéieren • D'Ofschlossbuchungen duerchféieren: Réckstellungen, Ofschreiwungen, nach ze bezuelend Käschten, viraus verrechent Erléiser, asw. • Un der Opstellung vun de ministeriellen Dekonten deelhuelen • D'Bilanzkonten ofstëmmen an Ofwäichungen analyséieren • Un der Opstellung vu periodeschen a järlechen Ofschlëss deelhuelen • Mat externen Auditeuren an interne Servicer zesummeschaffen • Zu der kontinuéierlecher Verbesserung vun den Instrumenter, Prozesser an Aarbechtsmethoden bäidroen Gefrote Kompetenzen Fachlech Kompetenzen: • Exzellent Kenntnisser an der allgemenger Comptabilitéit • Gutt Kenntnisser vun de Comptabilitéits- a Finanzofschlossprozesser • Fortgeschratt Beherrschung vu Microsoft Excel • Kenntnisser vu Sage BOB 50 si vu Virdeel • Fäegkeet, finanziell Analysen duerchzeféieren • Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg si vu Virdeel Perséinlech Kompetenzen: • Genauegkeet an e staarkt Organisatiounstalent • En analyteschen a syntheetesche Geescht • Flexibilitéit an Upassungsfäegkeet • Fäegkeet, autonom ze schaffen • Fäegkeet, am Team an iwwer verschidde Servicer ewech zesummenzeschaffen • Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen Äre Profil: • Diplom: Bac +3 am Beräich Comptabilitéit/Finanzen • Beruffserfarung: mindestens 5 Joer Mir bidden: • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Ready to apply?

Install the ResuMinder extension and we'll auto-fill the application in seconds — no rewriting.

See how your CV scores