About this role
en diploméierten Infirmier (w/m/x) - Autonomie Sécurisé D' APEMH, Associatioun am Dingscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht als Ennerstetzung fier hier Teams an Locatairen an verschiddenen Haiser am Norden, Süden an Osten en diploméierten Infirmier (w/m/x)- fier een CDI, 24Stonne/Woch-fier direkt oder no Ofsproch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Aufgaben und Verantwortlichkeiten • Fachlech Berodung an Ënnerstëtzung vun den Equipen bei gesondheetlechen a pflegeresche Froen • Individuell Berodung vun de Locatairen bei gesondheetleche Froen • Zesummenaarbecht a Vernetzung mat internen an externen Acteuren a Servicer aus dem Gesondheets- a Fleegeberäich • Förderung vun der Gesondheet, der Präventioun an dem Wuelbefanne vun de Locatairen • Initiéieren a gegebenenfalls Begleeden vu Moossnamen, déi zu enger bedarfsgerechter gesondheetlecher Versuergung bäidroen Profil Mir sichen eng engagéiert Persoun, déi sech duerch eng selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis auszeechent. • Gutt ausgeprägte Kommunikatiouns- a Kooperatiounsfäegkeet • Freed un der Zesummenaarbecht mat ënnerschiddlechen Acteuren a Beruffsfelder • Séchert an empathescht Optrieden am Kontakt mat de Locatairen an den Equipen • Organisatorescht Talent an d'Fäegkeet, verschidden Aufgaben a Prioritéite gläichzäiteg am Bléck ze behalen • Flexibilitéit, Zouverlässegkeet an eng héich Eegeresponsabilitéit • Bereetschaft, aktiv un der Weiderentwécklung vun de gesondheetleche Strukturen a Prozesser matzewierken Mir bidden • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung