About this role
Mir ënnerstëtze Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener souwéi hir Familljen. Fir eist Team ze verstäerken, siche mir en/eng Psycholog-in / Psychotherapeut-in (Master oder Diplom) m/w/d CDI – Vollzäit oder Deelzäit (mindestens 20 Stonnen/Woch) Fir direkt oder no Ofsprooch Är Aufgaben • Therapeutesch Aarbecht mat Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuessene souwéi hire Familljen • Erzéiungs- a Familljeberodung • Begleedung vu getrennten Elteren • Sensibiliséierungs- a Preventiounsaarbecht Äre Profil • Eng psychotherapeutesch Formatioun (mindestens 300 Stonnen) • Beruffserfarung am Beräich Berodung an Therapie ass vu Virdeel • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen • Portugisesch oder aner Sproochekenntnisser si wëllkomm an als Plus ugesinn Mir bidden • En Aarbechtskontrakt vun 20 bis 40 Stonnen d'Woch am Kader vun der CCT-SAS • Reegelméisseg Méiglechkeete fir Weiderbildung a professionell Entwécklung • D'Aarbecht an engem engagéierten, multidisziplinären Team mat ënnerschiddlechen therapeutesche Fachrichtungen • Eng respektvoll a kollegial Aarbechtsatmosphär Mir freeën eis op Är Demande mat Lieweslaf, Diplomer an enger Foto. (De Casier judiciaire gëtt am Fall vun enger Astellung nogefrot.) Är Kandidatur schéckt Dir w.e.g. bis den 31.07.2026 per email