Now hiring

Diploméiert Erzéier (w/m/x) - Service CARR Sud @ Home Service A.S.B.L.

Luxembourg, LUOnsiteFull-time
Apply with ResuMinder

Opens on the employer's site

About this role

Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service CARR Nord (Centre d'activités, de réadaptation et de rencontre) , een diploméiert Erzéier (w/m/x) – CDI – 20 oder 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Responsabilitéiten · Kanner a Jugendlecher mat intellektueller Beanträchtegung, no der Schoul a wärend de Vakanzen, an hirem Alldag ze ënnerstëtzen an ze begleeden. · Diversifiéiert Spill-a Fräizäitaktivitéiten ze organiséieren. · D‘ Kanner an d‘ Jugendlecher an hirer individueller Entwécklung begleeden. · Projet mat ausschaffen, déi sech un de Bedürfnisser vun de Kanner a Jugendlecher orientéieren. · An engem reegelméissegen a professionellem Austausch mat den Eltere sinn. Obligatoresch UfuerderungenD'Kandidate sollen: · Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn · Beruffserfarung hunn · Zouverlässeg sinn · D‘ Fäegkeet hunn an engem Team ze schaffen. · Kommunikativ a relational Kompetenzen hunn · Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen · Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen · Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen · De Führerschäi Klass B hunn Mir bidden · attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen. · en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Ready to apply?

Install the ResuMinder extension and we'll auto-fill the application in seconds — no rewriting.

See how your CV scores