Now hiring

Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Kokopelli an Topolino @ APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.

Luxembourg, LUOnsiteFull-time
Apply with ResuMinder

Opens on the employer's site

About this role

Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Topolino Schlussdatum 27/09/2026 D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Topolino" zu Déifferdeng, Aide-Educateur (w/m/x) fir CDI - minimum 20 Stonnen/Woch- fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Responsabilitéiten Den inklusiv Educatiouns- an Betreiungsservice Topolino, hutt als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D'Ziel ass et Inklusioun am Alldag ze liewen; zesummen mat den Elteren an engem pluridisziplinären Team. Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn. Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel. Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eis pluridisziplinär, dynamesch an motivéiert Ékipp ze gin! Obligatoresch Ufuerderungen Beruffserfahrung hunn Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen Staarken Teamgeescht hunn Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen De Führerschäin Klass B hunn Mir bidden attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen. en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.

Ready to apply?

Install the ResuMinder extension and we'll auto-fill the application in seconds — no rewriting.

See how your CV scores