About this role
NEW Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) - focus (Formatioun an Entwécklung) Mir siche fir eise Service focus (Formatioun an Entwécklung): Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch Mir gleewen un d'Potential vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen. Mir schafen Raim fir Reflexioun, Léieren an Entwécklung. Mir verstinn Berodung net als d'Vermëttele vu fäerdege Léisungen, mee als e gemeinsame Prozess, fir nei Perspektiven ze entdecken an nohalteg Entwécklung méiglech ze maachen. Deng Aufgaben: Du begleets pedagogesch Équipen an Organisatiounen an hire fachlechen Entwécklungsprozesser Du schafs Geleeënheete fir Reflexioun, Austausch a professionellt Léieren am Alldag Du ënnerstëtz Fachleit bei pedagogeschen, organisatoreschen an teambezunnen Erausfuerderungen Du moderéiers Reuniounen, Workshops a Begleedungsprozesser a förders eng konstruktiv Zesummenaarbecht Du beobachts Praxis, hëls Ressourcë a Potentialer an de Bléck a begleets d'Entwécklung vu passende Léisungen Du begleets Qualitéits-, Konzept- an Verännerungsprozesser a Bildungs-, Betreiungs- an Aide à l'enfance-Strukturen Du schaffs enk mat de Kolleg*innen aus engem multidisziplinären Team zesummen Du dréis zur Weiderentwécklung vu Methoden, Instrumenter a Fachressourcen bäi an entwéckels inspiréierend Formater fir Formatiounen Däi Profil: Du interesséiers dech fir d'Entwécklung vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen Du kanns vertrauensvoll Bezéiungen opbauen an op Aenhéicht mat verschiddenen Acteuren zesummeschaffen Du lauschters aktiv no, stellst reflektéiert Froen a kanns verschidde Perspektiven zesummebréngen Du hues eng héich Reflexiouns- a Kommunikatiounskompetenz Du kanns flexibel mat komplexe Situatiounen ëmgoen an behäls dobäi den Iwwerbléck Du schaffs selbstänneg, strukturéiert a verantwortungsvoll Eng Ausbildung oder Beruffserfarung an de Beräicher Bildung, Sozialaarbecht, Psychologie, Berodung, Coaching, Organisatiounsentwécklung oder engem vergläichbare Beräich Du beherrschs Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch; weider Sprooche si wëllkomm Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen. Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS. En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen. Eng Aarbechtskultur, déi op Vertrauen, Zesummenaarbecht an Entwécklung setzt. D'Méiglechkeet, Bildung, Betreiung an Hëllefssystemer aktiv matzegestalten. Kontinuéierlech fachlech a perséinlech Weiderentwécklung. D'Méiglechkeet, all Dag dozou bäizedroen, datt Fachleit, Équipen a Kanner vun de beschtméigleche Bedéngunge profitéieren. Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.