About this role
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir Wunngruppd'Haus 9 zu Miersch zwee Educateurs diplômées (m/w/d) Är Aufgaben: • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner Äre Profil: • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“ • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen • Führerschäin (B) • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden: • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef. • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz. • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6) • Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: • Motivatiounsbréif • Liewenslaf mat Foto • Kopie vum Diplom • Autorisation d'excercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.