About this role
Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.Mir freeën eis op Är Kandidatur ! Är Aufgaben: • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil: • Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d'Autorisation d'exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d'« Formation de l'accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten) • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen • Dir hutt de Führerschäin (B) • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden: • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom) • Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: • Motivatiounsbréif • Liewenslaf mat Foto • Kopie vum Diplom • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.