Now hiring

Agent pédagogique an éducatif fir d'Wunngrupp Haus 12 zu Miersch - CDI 75%-80% (m/f) @ Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique

Luxembourg, LUOnsiteFull-time
Apply with ResuMinder

Opens on the employer's site

About this role

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp d'Haus 12 zu Miersch: engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken. Mir freeën eis op Är Kandidatur ! Är Aufgaben: Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen dem gesichte Profil entsprëcht, Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten) Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen Dir hutt de Führerschäin (B) Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 laut Diplom) Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Ready to apply?

Install the ResuMinder extension and we'll auto-fill the application in seconds — no rewriting.

See how your CV scores