Now hiring

Aide Socio-éducatif (m/f/d) - Maison Relais Biwer @ arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L.

Luxembourg, LUOnsiteFull-time
Apply with ResuMinder

Opens on the employer's site

About this role

Mir siche fir d'Maison Relais Biwer en Aide socio-éducatif (M/W/NB) am CDI mat 17 Stonnen/Woch D'Maison Relais Biwer huet modern a altersgerecht Raim fir ronn 200 Kanner vu 3 bis 12 Joer. Nieft de verschidde Funktiounsraim an eng Bibliothéik, kënnen d'Kanner och vun enger grousser Spillplaz a der Sportshal profitéieren. An der hauseegener Kiche gëtt all Dag frësch Molzechte preparéiert. Maison Relais Biwer ass an eng roueg an idyllesch Gemeng a mécht dës zu enger idealer Plaz fir Kanner an intressant Aarbechtsplaz. Deng Aufgaben: • Du begleeds d'Kanner • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn • Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren Däi Profil: • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto Wat dech erwaart: • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1700 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

Ready to apply?

Install the ResuMinder extension and we'll auto-fill the application in seconds — no rewriting.

See how your CV scores